Transformers Devastation den éischten Androck (Xbox 360, Xbox One, PS3, PS4 & PC)

Wahrscheinlech get ët daat beschten G1 Transformers Spill am moment.

Transformers Devastation

Developer: Platinium Games
Publisher: Activision

Als ech den Titel zu Transformers Devastation gesin haat haat ech verdéischt missten Schmunzeln well ët een Transformers Comic deen genausou heescht aus dem IDW Publishing Universum an dono als ech gesin hun dass Spill am G1 Universum oofspillt huet sech Freet esou richteg ausgebreet, mee als ech op der E3 héieren hun dass ët een Brawler gët ass Begeeschterung e beschen gedämpft, nik um Null Punkt mee e beschen well op der PS2 gouf ët schon een G1 Baséiert Brawler Spill daat just an Japan eraus koum ass mam Titel Transformers oder och bekannt mam Numm Transformers Tatakai. Spill waar nik schlecht, Controls woaren zwar miserable, mee ët woar demols also 2003 daat éischt G1 Transformers Spill daat eppes gedaacht haat. An elo mat Transformers Devastation huet den Entweckler Platinium Games déi ënner aanerem Bayonetta, Metal Gear Rising an Legend of Korra gemaach hun, vill fir geholl G1 Franchise op déi Next Gen Konsolen néi Opzelierwen ze lossen. Ech perseinlech hoffen an wënschen hinnen daat bescht an wert mer daat Spill och definitif kaafen waat nierwenbäi schon op Amazon.co.uk Virbestellbar ass.
Lo freet een sech firwaat ech ët mier op dem Englëschen Amazon firbestallt hun, ma daat huet zwee Grënn an zwar wëll ech Spill zu 100 % op Englësch hun an zweetens an der Englëscher Versioun sin ë puer grouss Transformers Sychrolegenden vorhanden wéi den Peter Cullen deen schon an der 80er Cartoon Serie den Optimus Prime geschwaat haat an och an Transformers Prime den Optimus Prime an ebensou an den Bayverse den Optimus Prime geschwaat huet kënnt rëm als Optimus Prime dann ass den Frank Welker deen den G1 Megatron an den Soundwave an der 80er Cartoon Serie schon geschwaat haat an ebensou an der Transformers Prime Serie den Megatron an an Age of Extinction den Galvatron Stëmm gin haat gët nees Stëmm vum Megatron an Soundwave an dann nik ze vergiessen den Dan Gilvezan deen an der 80er Cartoon Serie den Bumblebee geschwaat haat kënnt ebensou rëm als Bumblebee an nik ze vergiessen den Gregg Berger deen demols an der 80er Cartoon Serie den Grimlock geschwaat haat këent ebenfalls nees zreck an dem Devastation Spill.


Also waat wëssen mier bislo iwert Spill ? Ma ët Spill gët esouvill ech emol wees een Solo Spill an ët kann och nëmmen Geschicht mat den Autobots spillen waat ech e beschen schued fannen awer keen Drama ass also fir mech jidenfalls well ech kann esou ëmmer nach hoffen dass sie een DLC erausbrengen wou een och mat den Decepticons spillen kann erausbrengen wann esou eppes an esou enger Art geplangt ass. Ët kann een mat 5 Autobots spillen dem Optimus Prime, Bumblebee, Grimlock, Sideswipe an dem Wheeljack ech perseinlech hoffen dass nach e puer Autobots als DLCs kommen wéi den Jazz an dem Cliffjumper. Spill wert 5 verschidden Schwieregkeetsgrader hun.


An der Gamplay Demo gesin mer och dass Macher vum Spill nik vill vum Realismus haalen domatter wëll ech undéiten vun der Schwéierkraft well ët gesäit een den Bumblebee een Mid-Air Combo duerch féieren deen eigentlech éischter fir um Boden als an der Loft designt gouf vollriechten an ët Irritéiert mech dass een dann gesäit wéi den Bumblebee am der Vehicle Form ouni Boosters an den Géigner rennen kann an ët gesäit een och den Stëpps vun den durchgedréinten Rieder waat éierlech gesoet keen Sënn mëscht…Oder den Optimus Prime op een mol ouni Jetpack bis zum Ouwerkierper vum Devastator sprangen kann waat soguer bei der G1 Cartoon Serie nie esou gewiesen gouf, mee bon daat sin elo kleng mängeln déi engem awer direkt opfällen…An daat Allbackend Thema ët gin Kämpf vun Haaptcharakteren awer nëmmen als Bosser oder Subbosser déi kleng Géigneren sin onbekannt Decepticons déi emol am Video all gläich ausgesinn just Foarw ännert sech.


Spill ass och am Cell Shading gehaalen warscheinlech fir Nostalgie vun den G1 Fans ze steigern an mat Erfolleg, well ech sin hin und weg. Spill soll mol an Amerika den 6ten Oktober 2015 erauskommen wann alles gudd geet an ech hoffen Spill kënnt dann och bei ons an Europa sou schnell wéi méiglech eraus, sou dass ech dann eng Review zum Spill kann maachen.


Published by

Former GLL Members

Don't cry because it's over. Smile because it happened. We thank all of our Former Members for there hard work. Without them, this Site would not be possible. Thank you all.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google photo

You are commenting using your Google account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s