Transformers Devastation (PC, Xbox One, Xbox 360, PS4 & PS3)

Een Hack an Slash Spill aus dem Hause Platinium Games vum aller Feinsten an nik nëmmen een Kannerspill.

Transformers Devastation

Developer: Platinium Games
Publisher: Activison

Als ech ob der E3 am Online Stream gesin hun dass een neien Transformers Titel erauskënnt woar ech méi wéi Happy an dass ët sech un den G1 oder een Mix vun G1 an moderner Zäitline sech handelt soguer nach méi. Wou ech awer e beschen meng Bedenken haat woar dass Transformers eng zweetekéier een Beat em all Spill soll gin, gudd daat éischte Spill vun Winkysoft fir PS2 woar nik schlecht awer och nik esou gudd dass ech ët engem weider empfehelen keint. Ech hun ët mir geschter erofgelueden vum Steam fir den PC well ët an Europa fir Consoulen eréischten den 09 Oktober 2015 erauskënnt an konnt einfach nik erwaarden dësst Spill schon éischter ze hun, an ët ass wirklëch dawert. Spill an sech ass wirklech mega an Platinuim Games déi ënner aanerem Bayonetta an Metal Gear Rising gemaach hun verstinn hiert Handwierk och op der Lizenzéierten Produktbasis.
Grafësch ass ët dem Transformers G1 an der IDW Comic Reih immens Trei gebliwen kurz gesoet Grafik ass op engem héischen Cell Shading Niveau deen ët Trickfilmmässeg getréi léisst ouni un Detailer ze vernoléissegen.
Spill punkt awer nik nëmmen durch gäil Optik, nee ët krëtt een wéi een Platinium Games kennt och een Fetzegen Sountrack hannert Oueren.
Nik desto Trotz ass ume Gameplay nik gespuert gin. Spill ass extrem gudd Ballancéiert zwëschen Fighting an Shooting Momenter an wann een den Tutorial spillt léiert een och séier Dodging as den Schëssel zum Erfoleg. Beim éischten durchspillen hun ech ët am Scout also am Easy duerchgespillt fir Levelen an Controls besser kennen ze léieren hun awer schnell gemierkt dass Scout keng wirklech Herausforderung fir mech woar ausser an e puer Szenen wou een den Wheeljack muss beschützen an dem hien eppes reparéiert oder wou ën agéiert am Spill do gouf ët schon mols knapp mee Bossfights woaren ze licht. Waat och cool ass ët huet een, een klengen RPG Modus am Spill wou een Stats vun den Jeweilegen Charakteren eropleveln oder néi Tech oder Waffen Equipéieren kann an och selwer kréieren fir se ze benotzen oder méi stark ze maachen. All Charakter kann bis zu féier Waffen equipéieren an kann man Fadenkréitz wann een den Xbox 360 oder deen vun der One huet auswielen. Ët huet een schon eng kleng an gudd Auswahl vun Charakteren, ët kann een den Optimus Prime, Bumblebee, Sideswipe, Wheeljack & den Grimlock Standardgeméiss auswiehlen wann een awer ët als Pre-Order kaaft huet kruet een nach den Nemesis Prime, den Goldfire an den Red Alert Skin an hier Waffen Gratis dobäi. Comboen sin einfach nëmmen mega an fir Transformers Verhältnisser ziemlech iwerdriwen mee daat ass Platinium Games.
Mee och eng Gudd Spill brauch eng gudd Geschicht fir dass Spill wirklech un Rullen kënnt an déi huet se och den uefank ass e beschen Trübe well ët vorhersehbar geweegt ass an schon an enger G1 Serie benotzt gouf mee jeh wéider een an Geschicht eran geet erkennt een dass Geschicht ëmmer méi zu engem gewëssenen IDW Comicgrad unzwéischt.
Am groussen an ganzen kann ech jidderengem daat Spill empfehlen fir Transformers Fans souwéisou mee och fir Léit déi sech nik mat dëser Matière beschäftegen ass an kann dësst Spill interessant sin well ween meng dass ët einfach een Kannerspill ass fir Kanner huet wäit verfehlt stëmmt wann een am Scout ët spillt ass ët een Klax ët durchzespillen mee probéiert ët iwerall op Rang S ze kommen ass nees eng aaner Saach an ebensou fir all Side Missions fräizeschalten an vun do oofgesin déi zwou aaner Schwieregkeitsgraader no Scout sin Normal an Hard sin keen Zuckerschlecken sou wéi ech schon an engem Video gesin haat.
Ech selwer wert ët an den kommenden Méint nach probéieren an den zwou aaner Schwieregkeitsgraader ze probéieren sou ass ët nik. Spill an sech ass och nik kurz, ët sin 8 Kapitelen vollgepaackt mat Bombastëscher Action an wann een elo nëmmen Geschicht ouni Side Missions etc durchspillt wert beim éischte Kéier +/- 6 Stonnen brauchen.
Mee wéi an all Gudd Spiller gin ët och Schattensäiten an dësst Spill huet leider och puer an zwar ass ët een Eenzelspill also keng Coop Funktioun an ët kann een nik mat den Decepticons Geschicht spillen…
Also wann der een neit an Qualitativ Platinium Games Spill wëllt spillen héi är Chance !

Published by

Former GLL Members

Don't cry because it's over. Smile because it happened. We thank all of our Former Members for there hard work. Without them, this Site would not be possible. Thank you all.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google photo

You are commenting using your Google account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s