WLG Beatdown 2015: Mein Androck

WLG haat den 11.12.2015 hieren éischten Beatdown Owend an der Brasserie Lo Statio zu Nidderkuer gemeet, ët huet um 19:00 uegefaangen an ët sollt bis 03:00 goen mee iregendswéi huet daat nik esou geklappt wéi sie verspraach haaten, waat mech ë beschen ëntäuscht haat well mir, Besicher vum Event goufen zum Schluss regelrecht firun Dier gesaat also esou koum ët mir emol fir…

Deen nächsten Minus Punkt deen elo mech perseinlech betrëfft, well ech Diabätiker sin, ausser Waaser gouf ët keng Zero oder Light Gedrengsméiglechkeeten…

An am mengen Aan den läschten Minus Punkt woar dass Location also Brasserie éischtens nik grad super läit an nik wirklech gudd Parkméigleschkeeten huet, fannen ech wann een esou een Event opzidd, misst een ët iergendswou maachen wou een besser Parkméiglechkeeten huet.

Mee huet een Brasserie an sech mol fonnt an ët war emol ënnerdaach haat een schon een klengen angudden Choix vun Beat em up Spiller, vun Super Street Fighter 2 bis zu Guilty Gear Xrd -Sign- an Killer Instinct. Ët woaren och zwee Turnéieren am Owend gemaach een Smash Turnéier wéi konnt ët schon aaneschters sin an een Tekken Tag Tournament 2 wou sech Spiller awer leider nik ëmmer un déi WLG Regeln gehaal haaten…

Waat awer cool woar fir déi Brasserie ët konnt een vor Ort Pizzaen bestellen déi och eng gudd gréisst an lecker ausgesin haaten. An WLG huet hier 3 Joer bestoen deen Daach gefeiert mat engem selwer Gemeetenen Kuch deen wirklech ganz gudd geschmaacht haat.

Waat ech perséinlech géif freen waat WLG an engem Zukünftegen Beatdown maachen keinten ass éischtens méi léift un aaner Beat em ups gin ausser Smash Bros an Tekken Tag Tournament 2, méi an Richtung Guilty Gear bis King of Fighters dann Tatsaach eis nik zum Schluss Bildlësch een Fouss an den Hënner ze gin well se angeblësch keng Loscht méi haaten oder wéinst engem aanerem Grond…An sie sollten och Zero oder Light Gedrenks am Verkaaf hun.

Ausser daat fonnt ech een coolen Owend.

Published by

Former GLL Members

Don't cry because it's over. Smile because it happened. We thank all of our Former Members for there hard work. Without them, this Site would not be possible. Thank you all.

2 thoughts on “WLG Beatdown 2015: Mein Androck”

  1. Hello Kim. Dann äusseren mer eis awer zu den Kritikpunkten wannste der schon d’Meih gemach hues en Feedback ze ginn. (Merci schon mol dofier :))

    “ët huet um 19:00 uegefaangen an ët sollt bis 03:00 goen mee iregendswéi huet daat nik esou geklappt wéi sie verspraach haaten, waat mech ë beschen ëntäuscht haat well mir, Besicher vum Event goufen zum Schluss regelrecht firun Dier gesaat also esou koum ët mir emol fir…”

    Zu deem Punkt muss ech soen, dass et am Ufank bis 01:00 virgesinn war. Maer kruuten et verlängert mee schlussendlech wollt den Bedreiwer vum Cafe um 02:00 Auer dicht machen. Daat lung net an eiser Hand, maer wollten och net dass een sech erausgeheit fillt.

    “Deen nächsten Minus Punkt deen elo mech perseinlech betrëfft, well ech Diabätiker sin, ausser Waaser gouf ët keng Zero oder Light Gedrengsméiglechkeeten…”

    Ech wees net ops du gefroot hues oder net. Mee maer waeren der mat Secherheet entgeint komm wann et bis zu eisen Oueren komm wier. Et deed eis Leed dass do d’Offer net fir dech gestemmt huet an maer schreiwen eis daat och op.

    “An am mengen Aan den läschten Minus Punkt woar dass Location also Brasserie éischtens nik grad super läit an nik wirklech gudd Parkméigleschkeeten huet, fannen ech wann een esou een Event opzidd, misst een ët iergendswou maachen wou een besser Parkméiglechkeeten huet.”

    D’Parkmeiglechkeeten sinn do ginn. Just em den Eck vun der Brasserie ass en Parking wou op mannst 40 Autoen hinpassen.

    “Waat ech perséinlech géif freen waat WLG an engem Zukünftegen Beatdown maachen keinten ass éischtens méi léift un aaner Beat em ups gin ausser Smash Bros an Tekken Tag Tournament 2, méi an Richtung Guilty Gear bis King of Fighters dann Tatsaach eis nik zum Schluss Bildlësch een Fouss an den Hënner ze gin well se angeblësch keng Loscht méi haaten oder wéinst engem aanerem Grond…An sie sollten och Zero oder Light Gedrenks am Verkaaf hun.”

    Maer hunn dei Turneieren gemach, well et daat war, wat gefroot ginn ass an der Emfro dei mer den Owend gestart hunn. Daat waren dei populärst Äntwerten an maer hunn do probeieren engem maximum un Leit entgeint ze kommen. Et verhennert natierlech naischt, dass an enger weiderer Editioun och aaner Turneier gespillt ginn. Zum Fouss an den Arsch well ech just nach eng Keier soen, dass et definitiv net dorun lung dass mer keng Loscht mei haaten. Maer waren do un aaner Conditiounen gebonnen.

    Mat beschten Greiss,

    D’We Live Games Team

    P.S: Maer stinn gaeren zur Verfügung fir weider ze schwetzen, sief et hei, op FB oder per Mail 🙂

    Like

  2. Mol verdéischt een groussen Merci dass dir ierg Zäit geholl hudd dësen Artikel unzekucken an Feedback ze gin.
    An jo daat mëscht Saachen méi kloer vor allem daat dass Besicher esou schnellst wéi méiglech eraus haaten missten goen geint 02:00. Mee do konnt een een klengen Annoncement op der Bünn maachen dass der keng Aaner Méiglechkeet gehaat hätt, daat hätt jidereen verstaanen gehaat.
    Zum Gedrenks haat ech nik gefroet well ech dovunner ausgaangen woar dassdaat waat der am Inventar haat alles woar waat der haat an konnt een den Inventar nik erweiteren, mee dann wees ech bescheed beim nächsten Beatdown.

    Like

Leave a comment