Halo 4 Original Soundtrack Vol 2

Den Halo 4 OST Vol 2 ass an mengen Oueren een wäit besseren Score als den éischten Volumen kann och sin well den Neil Davidge nik alleng deen komponéiert huet, hien gouf vum Komponéierer deen den Halo 5 Guardians geschriwen huet, ënnerstetzt. Den Score kann een esou wéi ech emol wees just via iTunes kréien mee hien ass der Wert.

Halo 5 Guardians

Halo 5 Guardians ass een genialen an och iwerraschenden Soundtrack gegeniwer dem Halo 4 Soundtrack. Hien huet soguer bekannt Tracks dran oder Undeitungen zu den Tracks vun Halo 1 bis 3 Albumer. An waat mech erstaunen geloss huet, Musik gouf vun engem Japaner komponéiert, gudd hien haat seng Fangeren schon e beschen an deem Gebiet well hien huet samt dem Neil Davidge deen den Halo 4 Vol 1 OST komponéiert haat um Halo 4 Vol 2 OST matgeschafft an sein Numm ass fir mech éierlech gesoet nach nik esou geleefeg. Kurz gesoet sein Numm ass Kazuma Jinnouchi. Den Album kann een entweder als CD kaafen oder via iTunes.

Junior

Den Junior Soundtrack gouf vum James Newton Howard komponéiert gin, an sech keen schlechten Soundtrack well dëskéier hun se vill Instrumental Tracks rangepresst awer leider nik all Gesongen Lidder wéi mat eengem Gesongenen Track deen ech extrem vermëssen deen nik dran ass an daat mësch dach ë beschen uepisst huet…Well deen Track zum Film Charme einfach dobäi gehéiert huet…

Terminator Genisys

Den Terminator Genisys ass vum Lorne Balfe komponéiert gin, an am uefank haat ech e beschen gezeckt ën mer via iTunes zouzeleen well den Rise of the Machine an den Salvation elo nik déi aller beschten Soundtracks woaren, mee Suen hun sech gelount auszegin, well ech hun ëmmer geduergt den Terminators 2 Judgement Day Soundtrack kéint een nik esou einfach toppen. Mee den Lorne Balfe huet ët bewiesen ët kann. Den Soundtrack huet vill dramatësch Abschnitter an hieren Tracks déi iwer schwéier Instrumentalësch Instrumenter super an Szene gesaat gin sin.
An mat engem vun mengen Lieblengs Tracks ass Terminated, et ass eigentlech den Klassëschen Terminator Theme mee mat méi klasse.
Ech soen einfach nëmmen een Mega Soundtrack an wann den Film genausou Super ass wéi den Soundtrack ma dann Hallelulia.

Terminator Salvation

Den Terminator Salvation Score ass nik schlecht gemaach an ët mengt een nik dass ët den Danny Elfman geweegt woar, deen den Soundtrack komponéiert haat. Och wann secher vill Léit mier nik zoustëmmen mee ech perséinlech hun den Terminator Salvation mol nach nik esou schlecht fonnt daat eezegt waat dem Soundtrack gefehlt haat dass ët an mengen Oueren een gudden Soundtrack geweegt wier dass ët den Klassëschen Terminator Theme Track dobäi woar.

Terminator 3 Rise of the Machines

Den Soundtrack zou Terminator 3 Rise of the Machines ass wann ech ët sou soen därf deen schlechtesten Score zou ebenfalls dem schlechtesten Terminator Film fannen ech emol. well déi meeschten Tracks sin immens kurz an wann een Track top ass ass sen genau esou schnell ferdeg wéi ën uegefong huet…Also den Komponist Marco Beltrami haat an mengen Oueren keng wirklech gudd Arbëscht geleescht…