“Alles beim Alen, Alen” – Freshdax Vinyl Release Party

Den 23. Januar huet d’Lëtzebuerger Hiphop-Formatioun Freshdax hier Vinyl-Release-Party vum neien Album “Alles beim Alen, Alen” an de Rotondes organiséiert. Dëss Veröffentlechung, 2 Joer nom Debut “Ziel mir net däi Liewen”, huet misse gebührend gefeiert ginn, mat Géistack an deem een oder anere Feature inklusiv.

Mr. Charly & De Lux

a0399452678_2

Géint halwer 11 war et sou wäit: Den Optakt huet den Duo Mr Charly an De Lux gemaach. Déi 2 Rapper hunn och schon zesummen e Mixtape erausbruecht a waren hei fir d’Unheize vum Publikum zoustänneg. Vill Leit waren (nach) net op der Plaz, mä den Duo huet sech dovunner net stéiere gelooss. Mat Lidder wéi “De Lares an de Charel” an “Domm Fotz” konnt d’Publikum en Androck vun den 2 Newcomere gewannen.

“Tëschent Humor a Wourécht”

12208781_1039120826138410_6937651850491781486_n
Als 2. Viroptrëtt huet den Tommek Tracks aus sengem éischte Solo-Album “Tëschent Humor a Wourécht”, deen d’lescht Joer erauskomm ass, performt. Wéi Freshdax gehéiert och hien zu där Sparte an der Lëtzebuerger Rap-Szene, déi statt Swag a Bling-bling op clever Wuertspiller, Ironie a Sarkusmus setzt. Oft ginn Alldagssituatioune wéi an “Vitaminnentherapie” opgeholl, mä och philosophesch oder sozialkritesch Texter, net selten mat engem Aenzwinkern statt “in your face”, gehéiere zu sengem Repertoire.

 

Trotz gudder Stëmmung huet sech och do de Sall nëmme lues gefëllt, wat laut engem Besucher haaptsächlech dorënner louch, dass tëschent deene verschiddenen Optrëtter ze laang Pause waren. Trotzdem sinn Tracks wéi “Ma so!” a “Mlimli an eng Mötsch” gutt beim Publikum ukomm. Méi roueg goung et bei “Porzeläin” zou, dem nodenklechste Bäitrag vum Album, deen och hei net huet misse fehlen.

“D’Rad net nei erfannen, mä de Pneu frësch oppompelen”

 

20160123_230233

Freshdax wëllen erausstiechen. Aus der Rap-Szen, der Lëtzebuerger Museksszen an iwerhapt. Keng typesch Rapper-Lafbunn stëcht hannert dem Duo. Laut dem Julien (hei hannert dem Mic, anerwärts Frontmann vun der Hardcore-/Metal-Band Everwaiting Serenade) gëtt Freshdax och duerchaus vu Leit gelauschtert, déi eigentlech mat Hip-Hop wéineg um Hutt hunn. Vum typesche Mainstream-Ami-Rap-Klischee vu Boobs & ass & 420 club swag, deen oft dorem geeschtert, si mer hei wäit ewech. Mat Witz, Wuertspiller an Ironie gëtt vu Konservatismus bis hin zu Weekend-Revoluzzern a gelangweilt Pinselhausfrae villes parodéiert, kritiséiert an op d’Schëpp geholl.

Bal genau 2 Joer si säit dem Release vum éischten Album “Ziel mir net däi Liewen” vergaang, mä souwuel am Sound- wéi och am flowtechnesche Beräich huet sech den Duo weiderentwéckelt. Nach ëmmer kléngt dat Ganzt “sou relax”, mä ween tëschent den Zeile liest, erkennt och déi schaarf Kritik, déi Freshdax besonnesch un der lëtzebuergescher Gesellschaft ausüben.

20160123_225941

“Gutt drop, besser drënner”

Haptsächlech ginn de Konservatismus an déi Angscht virun allem, wat irgendwéi nei oder ongewinnt ass, déi besonnesch säit der Flüchtlingskris an dem Gebrëll, iwerall Grenzen zou ze maachen, a ganz neier Couleur erstrahlen. Bei Hattxhattxheenxheen gëtt et beispillsweis dorëm, dass et kengem säi Business ass, ween elo mat weem den Owend heemgeet. Weder d’Politiker nach d’Moralapostelen.

Vill Erfolleg beim Publikum hat den 1. Live-Optrëtt vun “Abstrakt Hausfraëkonscht”, mä spéitstens beim Titelsong “Gutt drop, besser drënner” war et och dem Leschten am Sall egal, ob säin Arsch elo fir Hip-Hop gemaach ass oder net. Niewent Tracks vum neien Album goufen och eeler Hits wéi “D‘Spillplaz”, “Sprang drop” an e Remix vun “Der Mamm hiere Beschten” performt.

20160123_225906

Et gouf vill Applaus deen Owend. Déi 2 Memberen hunn ëmmer erem mat hieren Intermezzi tëschent de Lidder fir Stëmmung gesuergt an d’Leit zum Matmaache bewegt. Och de Jacques koum mat sengem Géistack ganz iwerzegend eriwer. Bei Feature-Tracks géint d’Enn vum Concert waren och den T the Boss an de Maka MC mat dobäi.

Fir 15 Euro hat een d’Geleenheet, sech niewt dem Entréesticket eng Vinylplatte ze besuergen. Op déi Offre, déi och net bei all Lëtzebuerger Concert gemaach gëtt, hunn dann och vill Leit zeréckgegraff.