Cosplay Meet at street a(rt)nimation Luxembourg and First Cosplay Run 2016

Dëse Weekend an de nächste Méindeg sti flott Aktivitéite fir Cosplayer zu Lëtzebuerg un.

Do hu mer op där enger Säit de “Cosplay Meeting @ Street Art Animation Anilux” de Samschdeg ab 14 Auer. D’Asbl Anilux, iwwert déi mer schon op GLL bericht hunn a regelméisseg Fotoe vun hieren Treffen posten, organiséiert dës Kéier e Meet, wou d’Leit kënnen… nee éischter dozou agelueden sinn, an engem Cosplay ze kommen!

Wichteg! Déi folgend Regele vun Anilux zum Thema Waffen a Requisite mussen agehale ginn:

https://www.facebook.com/notes/aniluxlu-asbl/regelen-vir-requisitenwaffen-vun-cosplayer-regulation-of-requisitesweapons-of-co/101530318…83624951

De Planning sou wäit:

  • 14:00 Auer: Treffpunkt op der Stater Gare
  • 14:30: Asia Market an der Stroossbuerger Strooss
  • ~15:00: Bus Richtung Hamilius
  • 16:00: Park Monterey

Bei Froen a Virschléi wend der ierch un de Comité vun Anilux.

Eis Fotografe vu Geeks Life Luxembourg wäerten op der Plaz si fir Fotoen ze maachen. Schwätzt si einfach un, wann der Ideen fir e Shooting oder fir spezifesch Fotoen hutt! Natierlech ass et keng Musse-Saach, an engem Cosplay ze kommen, mä Anilux lued ierch häerzlech dozou an, bei dësem Treffen är Outfits erauszehuelen (denkt ebe juste un d’Regelen ;)).

Dat Ganzt fënnt am Kontext vum “street a(rt)nimation”-Festival statt. Op ville Plazen an der Stat wäerte Stroossekënschtler, Akrobaten, Zauberer an aner Kreativer optrieden an d’Publikum begeeschteren. An där faarweger Welt passt Cosplay natierlech ganz gutt hinn.
De Festival dauert de Samschdeg a Sonndeg vun 13 bis 23 Auer. Méi Infoen op http://festivals.lcto.lu/de/street-artnimation/Startseite

 

De Méindeg dann ass den 1. Cosplay-Run 2016. Och do ass den Treffpunkt um 14 Auer beim Kiosk op der Stater Gare. De genauen Oflaf wäert zimmlech spontan decicéiert ginn, geplangt si verschidde Shooting-Locations. Eenzel Membere wäerten dofir och dat néidegt Material dobäi hu fir Fotoen ze maachen, zäitgläich wäert ee vun hinne mat engem Repair-Kit op der Plaz sinn, falls mol bei engem eppes schieflafe géif. Niewt de Shootings ass och en Tuer duerch d’Stat virgesi fir gutt Stëmmung ze verbreeden.

Méi Infoen zum Cosplay Run:

https://www.facebook.com/events/1059769197438592/