Cosplay Meet at street a(rt)nimation Luxembourg and First Cosplay Run 2016

Dëse Weekend an de nächste Méindeg sti flott Aktivitéite fir Cosplayer zu Lëtzebuerg un.

Do hu mer op där enger Säit de “Cosplay Meeting @ Street Art Animation Anilux” de Samschdeg ab 14 Auer. D’Asbl Anilux, iwwert déi mer schon op GLL bericht hunn a regelméisseg Fotoe vun hieren Treffen posten, organiséiert dës Kéier e Meet, wou d’Leit kënnen… nee éischter dozou agelueden sinn, an engem Cosplay ze kommen!

Wichteg! Déi folgend Regele vun Anilux zum Thema Waffen a Requisite mussen agehale ginn:

https://www.facebook.com/notes/aniluxlu-asbl/regelen-vir-requisitenwaffen-vun-cosplayer-regulation-of-requisitesweapons-of-co/101530318…83624951

De Planning sou wäit:

  • 14:00 Auer: Treffpunkt op der Stater Gare
  • 14:30: Asia Market an der Stroossbuerger Strooss
  • ~15:00: Bus Richtung Hamilius
  • 16:00: Park Monterey

Bei Froen a Virschléi wend der ierch un de Comité vun Anilux.

Eis Fotografe vu Geeks Life Luxembourg wäerten op der Plaz si fir Fotoen ze maachen. Schwätzt si einfach un, wann der Ideen fir e Shooting oder fir spezifesch Fotoen hutt! Natierlech ass et keng Musse-Saach, an engem Cosplay ze kommen, mä Anilux lued ierch häerzlech dozou an, bei dësem Treffen är Outfits erauszehuelen (denkt ebe juste un d’Regelen ;)).

Dat Ganzt fënnt am Kontext vum “street a(rt)nimation”-Festival statt. Op ville Plazen an der Stat wäerte Stroossekënschtler, Akrobaten, Zauberer an aner Kreativer optrieden an d’Publikum begeeschteren. An där faarweger Welt passt Cosplay natierlech ganz gutt hinn.
De Festival dauert de Samschdeg a Sonndeg vun 13 bis 23 Auer. Méi Infoen op http://festivals.lcto.lu/de/street-artnimation/Startseite

 

De Méindeg dann ass den 1. Cosplay-Run 2016. Och do ass den Treffpunkt um 14 Auer beim Kiosk op der Stater Gare. De genauen Oflaf wäert zimmlech spontan decicéiert ginn, geplangt si verschidde Shooting-Locations. Eenzel Membere wäerten dofir och dat néidegt Material dobäi hu fir Fotoen ze maachen, zäitgläich wäert ee vun hinne mat engem Repair-Kit op der Plaz sinn, falls mol bei engem eppes schieflafe géif. Niewt de Shootings ass och en Tuer duerch d’Stat virgesi fir gutt Stëmmung ze verbreeden.

Méi Infoen zum Cosplay Run:

https://www.facebook.com/events/1059769197438592/

Guilty Gear XX in L.A. Vocal Edition

Guilty Gear XX in L.A. Vocal Edition ass an mengen Oueren déi schlechsten Vocal Ëmmsetzung vun denen zwou soguer N.Y. Vocal Edition déi och nik wirklech besser geweegt ass, woar awer nach besser geweegt wéi L.A. Vocal Edition…
Also ech perseinlech kann se kengem Empfehlen ausser ët steet een op schlecht Komponéiert an op Englësch ëmgesaaten Songs vun Guilty Gear XX.
Den Album an souwuel den N.Y. Vocal Edition krëtt der awer op Amazon oder iTunes.

Transformers Robots in Disguise

Intrigant an voller Iwerraschungen bidd dëss Comic Reih.
Transformers Robots in Disguise

Publisher: IDW Publishing
Format: Mini-series
Publication date: January 2012 – Present
Number of issues:
Writer(s): John Barber
Artist(s): Various Artist
Colorist(s): Various Artist
Creator(s): Hasbro

Continue reading Transformers Robots in Disguise

Guilty Gear XX Reload (Korean Edition)

Den Guilty Gear XX Reload Soundtrack (Korean Edition) kruet een ganz am uefank nëmmen mat der Limited Edition Guilty Gear XX Reload Spillbox réischten no puer meint kruet een ën och regulär ze kaafen. Waat ännert sech an der Koreanëscher Versioun freet een sech , ma do kann ech just soen alles, den Soundtrack gouf komplett néi Komponéiert an héiert nach méi Heavy Metalesch un wann nik bei ë puer Charakteren zevill Rockeg un an ët krëtt een keng esou gudd Embiance wéi vum Japanëschem Soundtrack well einfach déi Iconësch Tracks wéi dem Sol, Ky, Chipp etc nik méi vorhanden woar. Mee an sech awer een coolen Soundtrack.

My little Pony Friendship is Magic: Staffel 1

Eng richteg lëschteg an knuffeg an erfrëschend My little Pony Serie an ass nik nëmmen eppes fir Kleng bis Grouss Meedercher.

My little Pony Friendship is Magic: Staffel 1

Directed by: Lauren Faust
Written by: Various
Studio: Hasbro Studios
Original Run: October 10, 2010 – May 6, 2011
Episodes: 26

Continue reading My little Pony Friendship is Magic: Staffel 1