Transformers Generations Combiner Wars Leader Skywarp

Den Transformers Generations Combiner Wars Leader Skywarp kann een eigentlech nik wirklech vill schreiwen ausser dass hien een Repaint vum Combiner Wars Thundercracker an Starscream. Mee ech muss awer soen hien gesäit richteg cool aus somols mat dem knallëschen an agressiven Violetten Toun an dem neutralen Schwarz. Wéi och bei deen aaneren kann den Skywarp sein Cockpit opmaachen an ën ass och recht detailéiert gemoldet.
An sech eng cool Figur mee ech muss soen ët ass just fir Hardcore Fans somols wann een bedengt ët ass dräi mol den nämlechten Mold just aaneschters bemolt. Just den Starscream kënnt nach mat der Ikonëscher Starscream Kroun.

Continue reading Transformers Generations Combiner Wars Leader Skywarp

Transformers Masterpiece Tracks

Den Masterpiece Tracks ass wirklësch eng schéin an Posable Figur, mee leider muss ech soen ass se trotz gudder Positiounsméiglechkeeten an mengen Aaan awer nom Masterpiece Megatron déi schwächest Figur aus der Toyline… Als Vehicle Mode gesäit hien einfach nëmmen genial aus, an ët kéint een baal soen dass TakaraTomy sech méi iwert den Auto an Autoflieger den Kapp zarbrach als dem Tracks méi léiwt als Roboter ze gin, mee daat ass meng Meenung dozou. Den Tracks kënnt och mat ë puer coolen Bonusen vun der G1 Episode Make Tracks, do kënnt mol eng kleng awer schon extrem detailräisch Raoul Figur an eng super kleng Versioun vum G1 Blaster. Dann fir den Autoflieger Modus kënnt ebenfalls een klengen Waffen Gimmick deen aus der Serie dran fir kënnt an ech muss soen ech woar erstaung dass soguer eng Lach fir dass Waff nach méi dem Cartoon noo kënnt gemoldt ass.
Mee elo mol op déi schlecht Fassade vum Masterpiece Tracks, den Reck konnt méi Volumen kréien well ët kann een baal soen dass een baal zreck an 80er Joeren versaat géif wou Transformers vun Fir Hui sin an vun Hannen Pfui oder vor allem bei den meeschten. An dann deen schlëmmsten Minus Punkt ass wéi den Kapp einfach op engem Klappsteck flidd ouni wirklech een Haalt vun hannen ze kréien…
Am groussen an ganzen sin ech zwar nik entäuscht vun der Figur mee muss awer och soen dass ët keen Muss ass se wirklech ze kaafen.

Continue reading Transformers Masterpiece Tracks

Transformers Unite Warriors Devastator

Den Unite Warriors Devastator ass an mengen Aan deen beschten Devastator, well Fifuren an sech hun een klengen Upgrade kruet an zwar den Scrapper an den Long Haul hun Ellboue kruet waat déi Figuren um sou besser maachen wéi Hasbro Combiner Wars Variant. All Figuren hun extrem vill Details un sech an sin extrem beweeglech souwuel hun sei all Balljoint Käpp an kënnen schon ziemlech cool Posen hierstellen.
Als Devastator gesäit hien einfach nëmmen Epic aus 45 cm héisch an wann ët och nik esou ausgesäit, hien ass schon schwéier an robust. An waat een coolen Gimmick ass ass dass een sein Visor kann an seng Stir verschwannen lossen an esou gesäit hien dem SDCC Devastator aus. Woubäi ech perseinlech ën léiwer mat Visor hun, mee daat ass just meng Meenung.
Kommen mier elo zu den Jeweilegen Figuren. Den Hook fannen ech perseinlech wirklëch gudd gemaach, Ellbow gesin ë beschen kommësch aus mee ët ass warscheinlech daat bescht waat mier am moment kënnen kreien, hien kann een awer an dynamëschen Posen stellen, watt hien aus der ellbow Laach ërem erausrett. Trotz dass den Long Haul an verschidden Transformers Fandom als ze deck ëmfonnt gët, ech perseinlech wannen hien super well hien huet am géigensaatz der Hasbro Combiner War Version Ellbéi an ët kann een hien ebenfalls an coolen Posen stellen trotz dass een daat bei him nik mengen géif. Den Scavenger huet vill Balljoints, vor allem wou hien punktet ass bei den Ellbéi an och hien kann een an collenen Posen stellen. Den Bonecrusher fannen ech am Roboter Modus ë beschen kommësch vor allem um Reck wou een Steck vum Devastator ragt ass ë beschen Irritant. An hien gesäit géigeniwer déi aaner Constructicons ë beschen disporoportional aus, mee daat dass meng Meenung dozou. Den Scrapper huet géigeniwer dem Hasbro Combiner Wars Versioun wéi den Unite Warriors Long Haul, Eelbéi an mëscht déi Figur um esou cooler, well hien kann een och gudd an Pose setzen. Just den Mixmaster gesäit nik esou gudd aus an senger Vehicle Form, well hien gesäit an esou vill Levelen falsch aus, heien gesäit dem G1 Mixmaster keen pfiffeling no aus, an ass extrem irritant aus…kann jo sin dass Designer bei sengem Design einfach op Drogen waren an daat koum dobäi eraus…Als Roboter gësait hien vun Fir schon recht cool aus mee vun hannen rëm einfach nëmmen schlecht aus…awer an der Kombinéierter Form gesäit hien nik emol esou schlecht aus.

Continue reading Transformers Unite Warriors Devastator

Transformers Generations Combiner Wars Bruticus

Den Generations Combiner Wars Bruticus besteet Haapsächlech aus Repaints oder Extrem Remolds wéi den Blast Off ass een Repaint vum Quickslinger vun den Aerialbots an den Vortex ass den Repaint vum Alpha Bravo deen an der éischter Well vun den Aerialbots erauskoum. Den Blast Off hingéigend krëtt een komplett neien Mold an der TakaraTomy Unite Warriors Bruticus Giftset versioun.
Den Swindle ass een extrem Remold vum Hasbro Protectobot Rook, seng Verwandlung mëscht richteg Spass muss ech soen. Den Brawl ass déi eenzeg Figur am Set déi komplett néi an originell an den Combaticons ass. An den Onslaught ass een Remold vum Protectobot Hot Spot. Mee ech fannen den Onlaught ass déi beschten Versioun also menger Meenung no. Souwuel an den Figuren als och an den Vehicle Form sin einfach nëmmen mega Detailer dropgepucht gin, ët ass einfach nëmmen impressionant.
An der Kombinéierter Form also als Bruticus, gesäit hien nik schlecht aus just ë beschen steif mee daat kann een mat Third Party Upgrades wéi Perfect Effect Kits verbesseren, mee ech wees just nik wéi stabil Figur dann nach ass, mee sie gesinn dann nach wirklech besser aus. Waat just schued fannen dass hien vun Fir genial ausgesäit mee hannen feelt him an Mass…

Continue reading Transformers Generations Combiner Wars Bruticus

Transformers The Movie DVD Vergläicher

Héi sin déi dräi DVDen déi ech zu mindest am menger Sammlung hun déi éischt ass UK Meverick Entertainment LImited Editioun aus dem Joer 2001 an beinhaltet een klengen awer Epischen Interview vun Fans an Promineter esou wéi den Simon Furman an méi déi iwer Transformers schwätzen an dann huet dëss DVD den Transformers The Movie Film am 4:3 an Qualitéit vum Bild wéi ën am Kino gewissen gouf, kurz gesoet onverännert.

Dono koum Rhino Home Video mat enger Remastered Versioun vum Film, leider just op Zone 1 an dësser DVD haat een den Film dran an een Interview mam Vince DiCola, mee daat woar ët och schon an a mengen Aan  war ech demols an och elo nach ë beschen Ëntäuscht vun der Zesummenstellung well den Titel Special Collector’s Edition drop stung an huet een méi dovunner erwaart…

An 2006 koum an mengen Aan déi beschten Transformers The Movie Ëmsetzung eraus an zwar gouf se komplett Iwerarbëscht an Restored vun Nelson Shin an dem restlechem Team vum Transformers The Movie vun demols. Dëss Versioun haat nik nëmmen een Geniaen DVD Cover gezeeschend vum Don Figueroa, nee sie haat fir déischte kéier eng 16:9 Versioun dobäi natierlech ass och eng 4:3 Versioun an dëser DVD dran geweegt, leider koum dëss gäil !emmsetzung och nëmmen op Zone 1 eraus.
Och am Bonus Material gouf an dëser Versioun nik gespuert ët goufen néi Interviews gemaach an drangepresst an ët huet een nach ë puer Bonus Features déi richteg Spass maachen op se zou ze greifen.

Am goussen an ganzen ass mein groussen Favorite einfach 2006 Editioun schon alleng weinst der 16:9 Versioun an ech hoffen 2016 kënnt eng gudd Blu-Ray Ëmsetzung vum Film.

WLG Beatdown 2015: Mein Androck

WLG haat den 11.12.2015 hieren éischten Beatdown Owend an der Brasserie Lo Statio zu Nidderkuer gemeet, ët huet um 19:00 uegefaangen an ët sollt bis 03:00 goen mee iregendswéi huet daat nik esou geklappt wéi sie verspraach haaten, waat mech ë beschen ëntäuscht haat well mir, Besicher vum Event goufen zum Schluss regelrecht firun Dier gesaat also esou koum ët mir emol fir…

Deen nächsten Minus Punkt deen elo mech perseinlech betrëfft, well ech Diabätiker sin, ausser Waaser gouf ët keng Zero oder Light Gedrengsméiglechkeeten…

An am mengen Aan den läschten Minus Punkt woar dass Location also Brasserie éischtens nik grad super läit an nik wirklech gudd Parkméigleschkeeten huet, fannen ech wann een esou een Event opzidd, misst een ët iergendswou maachen wou een besser Parkméiglechkeeten huet.

Mee huet een Brasserie an sech mol fonnt an ët war emol ënnerdaach haat een schon een klengen angudden Choix vun Beat em up Spiller, vun Super Street Fighter 2 bis zu Guilty Gear Xrd -Sign- an Killer Instinct. Ët woaren och zwee Turnéieren am Owend gemaach een Smash Turnéier wéi konnt ët schon aaneschters sin an een Tekken Tag Tournament 2 wou sech Spiller awer leider nik ëmmer un déi WLG Regeln gehaal haaten…

Waat awer cool woar fir déi Brasserie ët konnt een vor Ort Pizzaen bestellen déi och eng gudd gréisst an lecker ausgesin haaten. An WLG huet hier 3 Joer bestoen deen Daach gefeiert mat engem selwer Gemeetenen Kuch deen wirklech ganz gudd geschmaacht haat.

Waat ech perséinlech géif freen waat WLG an engem Zukünftegen Beatdown maachen keinten ass éischtens méi léift un aaner Beat em ups gin ausser Smash Bros an Tekken Tag Tournament 2, méi an Richtung Guilty Gear bis King of Fighters dann Tatsaach eis nik zum Schluss Bildlësch een Fouss an den Hënner ze gin well se angeblësch keng Loscht méi haaten oder wéinst engem aanerem Grond…An sie sollten och Zero oder Light Gedrenks am Verkaaf hun.

Ausser daat fonnt ech een coolen Owend.

Anilux.lu A.S.B.L.

Verdéischte ë beschen Geschicht wéi d’Enstéiung vun Anilux war. “Anilux” ass eng Communautéit fir Manga an Anime-Fans zu Lëtzebuerg. Gegrënnt gouf se am Januar 2003 ënnert dem Numm “Luxemburger Fantreffen” an war och spéider ënnert dem Numm “Luxemburger Animexx Treffen” bekannt. Um 5 Järegen Jubiläum am Januar 2008 hunn mer den Club op “Anilux” ëmgedeeft, well mer eegestänneg wollten sinn. Säit 2012 sinn mir eng ASBL an hunn den Numm “Anilux.lu ASBL” (RCS: F8954), kuerz gesot “Anilux”

Anilux.lu A.S.B.L. maachen och Regelméisseg een Treffen, ëmmer den läschten Samsteg vum Mount ausser am Dezember do gët ët stets op dën zweeten Samsteg verreckelt wéinst den Feierdeeg. Op den Treffen kann jidereen dobäi sin ob Anime/Manga oder Cartoon/Comic Begeschtener ët fënnt een stets een Thema wou een mat dem een oder aaneren an Kontakt kënnt och Videospill Fans kënnen mat dobäi sin sou ass ët nik.

Well den Anilux een Club ass gin ët och puer Regelen déi sollen oder éigentlech sollen Agehaalen gin, wéi zum Beispill wann een wëll éischter goen vum Treffen, muss oder soll een sech bei engem vun den Comitées Memberen oder dem Président oofmellen.

Den Verlaaf vum Treffen ass dass mir eis um 14:00 op der Staater Gare treffen sollen, leider sin der ëmmer stets Léit déi méi spéid kommen dowéinst waarden mir ëmmer nach 45 Minuten bis mir dann kann ech soen endlich starten kënnen. Verdéischt gin mir an Bastelkiste mee per Uefro vun engem Comitée Member deen dann och matkënnt aus Kontroll, kann een och nach an den Saturn oder an Caverne de Gobelin goen anstatt an Bastelkiste an dem Asia Shop. Déi die den Alternativen Wee ueschloen iwersprangen kurz gesoet déi zwee Geschäfter an maachen sech dann op den Wee direkt an den Player One, dono wann mir rëm komplett sin an aus dem Player One eraus sin, gin mir an den Reservoir an der Galerie Neuberg.

Nodeems mir rëm aus deem Geschäft eraus sin gin mir an zwou Gruppen gespleckt eng déi an Fantasy Box geet an déi aaner déi an den Sushi Shop geht.
Mee ët gin och ë puer Eventer gemaach wéi zum Beispill wann Fréijoer gët an ët gët rëm méi Warm gin mir an den Park entweder mat Gebäck oder Summer Spillsachen wéi Wasserpistoulen etc oder mir gin op Schouberfouer.

Anilux maachen och ab und zu Cosplay Treffen wou Léit mat Costumer vun hieren Helden oder Heldinnen kënnen verkierpern.

Den Anilux Treffen ass omfong eng gudd Adress wou een nik jugéiert gët wann een, een Hobby huet deen an der normaler Gesellschaft als Annormal bezeechen gët. Kurz gesoet alleguerten sin Wëllkomm.