Halo 4 Original Soundtrack Vol 2

Den Halo 4 OST Vol 2 ass an mengen Oueren een wäit besseren Score als den éischten Volumen kann och sin well den Neil Davidge nik alleng deen komponéiert huet, hien gouf vum Komponéierer deen den Halo 5 Guardians geschriwen huet, ënnerstetzt. Den Score kann een esou wéi ech emol wees just via iTunes kréien mee hien ass der Wert.

Halo 5 Guardians

Halo 5 Guardians ass een genialen an och iwerraschenden Soundtrack gegeniwer dem Halo 4 Soundtrack. Hien huet soguer bekannt Tracks dran oder Undeitungen zu den Tracks vun Halo 1 bis 3 Albumer. An waat mech erstaunen geloss huet, Musik gouf vun engem Japaner komponéiert, gudd hien haat seng Fangeren schon e beschen an deem Gebiet well hien huet samt dem Neil Davidge deen den Halo 4 Vol 1 OST komponéiert haat um Halo 4 Vol 2 OST matgeschafft an sein Numm ass fir mech éierlech gesoet nach nik esou geleefeg. Kurz gesoet sein Numm ass Kazuma Jinnouchi. Den Album kann een entweder als CD kaafen oder via iTunes.

Junior

Den Junior Soundtrack gouf vum James Newton Howard komponéiert gin, an sech keen schlechten Soundtrack well dëskéier hun se vill Instrumental Tracks rangepresst awer leider nik all Gesongen Lidder wéi mat eengem Gesongenen Track deen ech extrem vermëssen deen nik dran ass an daat mësch dach ë beschen uepisst huet…Well deen Track zum Film Charme einfach dobäi gehéiert huet…

Terminator Genisys

Den Terminator Genisys ass vum Lorne Balfe komponéiert gin, an am uefank haat ech e beschen gezeckt ën mer via iTunes zouzeleen well den Rise of the Machine an den Salvation elo nik déi aller beschten Soundtracks woaren, mee Suen hun sech gelount auszegin, well ech hun ëmmer geduergt den Terminators 2 Judgement Day Soundtrack kéint een nik esou einfach toppen. Mee den Lorne Balfe huet ët bewiesen ët kann. Den Soundtrack huet vill dramatësch Abschnitter an hieren Tracks déi iwer schwéier Instrumentalësch Instrumenter super an Szene gesaat gin sin.
An mat engem vun mengen Lieblengs Tracks ass Terminated, et ass eigentlech den Klassëschen Terminator Theme mee mat méi klasse.
Ech soen einfach nëmmen een Mega Soundtrack an wann den Film genausou Super ass wéi den Soundtrack ma dann Hallelulia.

Terminator Salvation

Den Terminator Salvation Score ass nik schlecht gemaach an ët mengt een nik dass ët den Danny Elfman geweegt woar, deen den Soundtrack komponéiert haat. Och wann secher vill Léit mier nik zoustëmmen mee ech perséinlech hun den Terminator Salvation mol nach nik esou schlecht fonnt daat eezegt waat dem Soundtrack gefehlt haat dass ët an mengen Oueren een gudden Soundtrack geweegt wier dass ët den Klassëschen Terminator Theme Track dobäi woar.

Terminator 3 Rise of the Machines

Den Soundtrack zou Terminator 3 Rise of the Machines ass wann ech ët sou soen därf deen schlechtesten Score zou ebenfalls dem schlechtesten Terminator Film fannen ech emol. well déi meeschten Tracks sin immens kurz an wann een Track top ass ass sen genau esou schnell ferdeg wéi ën uegefong huet…Also den Komponist Marco Beltrami haat an mengen Oueren keng wirklech gudd Arbëscht geleescht…

Terminator 2 Judgement Day

Den Terminator 2 Judgement Day ass nom Terminator Genesys deen gäilsten Soundtrack iwerhaapt mee an mengen Oueren ass ët dem Brad Fiedel séin bäschten Terminator Score well ën méi an Instrumental als graffem Elektro Musik geet.
Vor allem den Main Theme ass Episch an dësem Score mee nik nëmmen mat deem Track glänzt den Soundtrack hien huet och nach aaner Tracks déi genausou gudd glänzen fannen ech emol.
Kurz gesoet een Gäilen Soundtrack zou engem gäilen Film.

The Terminator

Den Soundtrack vum éischten Terminator woar den nämlechten Komponist wéI deen vum Terminator 2 an zwar vum Brad Fiedel, mee vum éischten an zweeten léihen éierlech gesoet Welten. Well ët géif een nik mengen dass ët den nämleschten Komponist ass. Well den Score vum Terminator ass méi Elektrësch als Instrumental baséiert wann zwar nik schlecht ass, mee hien huet mech perseinlech nik esou vill uegeschwaat trotz dass Main Theme och am méi graffen einfach mega sech un héiert.

Guilty Gear Xrd Original Soundtrack

Den Guilty Gear Xrd Original Soundtrack kënnt mat 4 CDen déi éischt beinhaltet den Arcade Soundtrack, CD 2, CD 3 ass den Score vum Story Mode gepresst an CD 4 huet all gesongen Lidder an Karaoke Tracks vun den Gesongen Lidder drop An op der CD 4 ass nach een neien Track drop deen nik op der Vocal Edition drop ass an zwar Six Black Heaven Guns.
Den Soundtrack ass wirklech nik schlecht zwar elo nik deen aller beschten Soundtrack deen ech vun Guilty Gear héieren hun awer ën ass gudd.
Lo froet der ierg secher oder vielleicht wou kann ech deen kréien majo éigentlech op amazon.jp oder op Arc System Works sengem eegenen Shop wann een awer keen Japanësch kann kënnt een nik wäit do mee ët gët eng Alternative an zwar hun ech emol ët via www.j-subculture.com gemaach, ët huet zwar laang gedauert bis Prozedur vum Verschecken an Bezuelen geweegt ass, mee hieren Service ass Top.