Transformers Masterpiece Tracks

Den Masterpiece Tracks ass wirklësch eng schéin an Posable Figur, mee leider muss ech soen ass se trotz gudder Positiounsméiglechkeeten an mengen Aaan awer nom Masterpiece Megatron déi schwächest Figur aus der Toyline… Als Vehicle Mode gesäit hien einfach nëmmen genial aus, an ët kéint een baal soen dass TakaraTomy sech méi iwert den Auto an Autoflieger den Kapp zarbrach als dem Tracks méi léiwt als Roboter ze gin, mee daat ass meng Meenung dozou. Den Tracks kënnt och mat ë puer coolen Bonusen vun der G1 Episode Make Tracks, do kënnt mol eng kleng awer schon extrem detailräisch Raoul Figur an eng super kleng Versioun vum G1 Blaster. Dann fir den Autoflieger Modus kënnt ebenfalls een klengen Waffen Gimmick deen aus der Serie dran fir kënnt an ech muss soen ech woar erstaung dass soguer eng Lach fir dass Waff nach méi dem Cartoon noo kënnt gemoldt ass.
Mee elo mol op déi schlecht Fassade vum Masterpiece Tracks, den Reck konnt méi Volumen kréien well ët kann een baal soen dass een baal zreck an 80er Joeren versaat géif wou Transformers vun Fir Hui sin an vun Hannen Pfui oder vor allem bei den meeschten. An dann deen schlëmmsten Minus Punkt ass wéi den Kapp einfach op engem Klappsteck flidd ouni wirklech een Haalt vun hannen ze kréien…
Am groussen an ganzen sin ech zwar nik entäuscht vun der Figur mee muss awer och soen dass ët keen Muss ass se wirklech ze kaafen.

Continue reading Transformers Masterpiece Tracks

Transformers Unite Warriors Devastator

Den Unite Warriors Devastator ass an mengen Aan deen beschten Devastator, well Fifuren an sech hun een klengen Upgrade kruet an zwar den Scrapper an den Long Haul hun Ellboue kruet waat déi Figuren um sou besser maachen wéi Hasbro Combiner Wars Variant. All Figuren hun extrem vill Details un sech an sin extrem beweeglech souwuel hun sei all Balljoint Käpp an kënnen schon ziemlech cool Posen hierstellen.
Als Devastator gesäit hien einfach nëmmen Epic aus 45 cm héisch an wann ët och nik esou ausgesäit, hien ass schon schwéier an robust. An waat een coolen Gimmick ass ass dass een sein Visor kann an seng Stir verschwannen lossen an esou gesäit hien dem SDCC Devastator aus. Woubäi ech perseinlech ën léiwer mat Visor hun, mee daat ass just meng Meenung.
Kommen mier elo zu den Jeweilegen Figuren. Den Hook fannen ech perseinlech wirklëch gudd gemaach, Ellbow gesin ë beschen kommësch aus mee ët ass warscheinlech daat bescht waat mier am moment kënnen kreien, hien kann een awer an dynamëschen Posen stellen, watt hien aus der ellbow Laach ërem erausrett. Trotz dass den Long Haul an verschidden Transformers Fandom als ze deck ëmfonnt gët, ech perseinlech wannen hien super well hien huet am géigensaatz der Hasbro Combiner War Version Ellbéi an ët kann een hien ebenfalls an coolen Posen stellen trotz dass een daat bei him nik mengen géif. Den Scavenger huet vill Balljoints, vor allem wou hien punktet ass bei den Ellbéi an och hien kann een an collenen Posen stellen. Den Bonecrusher fannen ech am Roboter Modus ë beschen kommësch vor allem um Reck wou een Steck vum Devastator ragt ass ë beschen Irritant. An hien gesäit géigeniwer déi aaner Constructicons ë beschen disporoportional aus, mee daat dass meng Meenung dozou. Den Scrapper huet géigeniwer dem Hasbro Combiner Wars Versioun wéi den Unite Warriors Long Haul, Eelbéi an mëscht déi Figur um esou cooler, well hien kann een och gudd an Pose setzen. Just den Mixmaster gesäit nik esou gudd aus an senger Vehicle Form, well hien gesäit an esou vill Levelen falsch aus, heien gesäit dem G1 Mixmaster keen pfiffeling no aus, an ass extrem irritant aus…kann jo sin dass Designer bei sengem Design einfach op Drogen waren an daat koum dobäi eraus…Als Roboter gësait hien vun Fir schon recht cool aus mee vun hannen rëm einfach nëmmen schlecht aus…awer an der Kombinéierter Form gesäit hien nik emol esou schlecht aus.

Continue reading Transformers Unite Warriors Devastator

Beelzeboss Growing Pains Upgrade Kit fir den United Bumblebee

Héi ass den Beelzeboss Upgrade Growing Pains fir den United Bumblebee vun TakaraTomy. Den Upgrade kënnt mat engem neien Kapp an zwou Waffen dobäi. Dessen Upgrade soll den United Bumblebee zum Goldbug machen wéi der op der Photo 4 gesidd. Och Waffen sin recht Detailléirt gin wéi der et op der Photo 5 gesidd.

Continue reading Beelzeboss Growing Pains Upgrade Kit fir den United Bumblebee

CrazyDevy Predaking Upgrade Kits

Hei ass den G1 Re-issue Predaking mat allen CrazyDevy Upgrades. Plastik Qualitéit ass genial, an kennt deem vun Hasbro oder TakaraTomy extreme no. Wei der gesidd sin CrazyDevy Flillecken extrem Laang par rapport zu den Originaler, waat hien och extrem bombastesch mescht. Leider sin CrazyDevy Deeler nemmen fir Kombinatioun vum Predaking geduergt an net och den eezelnen Figuren designt gin…

Am groussen an ganzen sin dess Upgrades einfach top.

Continue reading CrazyDevy Predaking Upgrade Kits

Fans Project Protector Trailer fir den Classics/Henkei Hot Rodimus/Rodimus Convoy

Héi ass den Classic Hot Rodimus mat dem Fans Project Protector Trailer Upgrade an den Sidearm. Den Sidearm ass een klengen Upgrade deen net am Protector Upgrade Set mat angebonnen gouf, an muss fir een klengen Präis matkaaft gin, hien ass eng kleng Hommage vun engem Targetmaster an kennt mat vergoldenen Flilecken dei eigentlech fir den Henkei Rodimus Convoy geduergt sin. Henkei Rodimus Convoy ass den Japaneschen Release vum Classic Hot Rodimus. Den Fans Project Protector Trailer gett dem Classic Hot Rodimus nik nemmen een moderniséierten Rodimus Prime Kierper, sondern den Trailer verwandelt sech och an zwou verschidden Kampfstatiounen.

Continue reading Fans Project Protector Trailer fir den Classics/Henkei Hot Rodimus/Rodimus Convoy

Legends Jetfire

Héi ass den TakaraTomy Transformers Legends Jetfire. An ech muss soen hien ass soguer nach besser wéi den Classics Jetfire. Ech perseinlech fannen Japanësch Versioun besser wéi US Versioun, well déi roud deeler nik chroméiert sin esou wéi bei der US Versioun. Waat fir mëch kommesch ass well TakaraTomy éischter bekannt ass fir esou Saachen.

Continue reading Legends Jetfire