Apple Watch Sport Edition (42mm)

Säit gudd dräi Wochen hun ech elo d’Apple Watch Sport Edition 42mm Versioun an ech muss einfach soen ech sin richteg begeeschtert un der Smartauer. Sie ass zwar nik grad gin, mee all hier Suen wert wann een natierlech een Apple Junkie wéi ech sin. Gudd ët gin zwar nach nik vill Watch apps am Apple Watch App Store well d’Auer jo héi an Lëtzebuerg nach nik eraus ass…Mee ënneranerem krëtt een awer schon bei éis och den Shazam, Twitter, Instagram an nach e puer bekannt awer och Newcomer Apps déi richteg handlesch sin. Wéi zum Beispill eng App déi öffentlech Toiletten am Land oder Ausserhalb opspiert.
Ech perseinlech hun och nach een Gummi à la Casio G Schock op amazon.de kaaft well ech mech gären mat der Auer stéissen an esou an déi wert daat e beschen oof.
Den Akku muss ech emol soen hält och méi laang wéi erwoard, also ech koum schon méi wéi 18 Stonnen mat engem vollem Akku mat.
Den eezegen Nodeel ass dass wann een eng App néi via iPhone erofgelued huet muss een déI och via iPhone ajustéieren well déi meeschten Apps daat nach nik just via Apple Watch maachen kann…Ech freen mech och schon rieseg op den WatchOs 2 wou een nach e beschen méi personaliséieren kann.

Xbox One 1TB

Säit hockt also dem (04.07.2015) sin och ech stolzer Besëtzer vun der Xbox One an zwar vun der 1TB Versioun mat dem Schwarzem Mattem Finish an nik déi vun Call of Duty Advanced Warfare.
Präislech ass ë beschen Roofgesaat am moment nach beim Cactus krëtt een se fir 399 €. Leider haat ech nach nik vill Zäit een Spill drop ze spillen…

Méin Androck ass extrem Positiv vor allem well se eng Social Spill Konsoul ass, ech haat zwar nie eppes géint Xbox One, mee haat drop gewaard dass eng Schwarz 1TB Versioun erauskënnt fir vor allem Gears of War Reih, Halo an nach aaner Exclusive Spiller drop ze spillen an vor allem 3rd an first Person Shooteren well menger Meenung no ass den PS4 nik esou gudd an léit nik esou gudd an der Hand fir esou Spiller…Den Xbox One Controller huet vill besseren Grip fir deen Genre Spiller fannen ech emol.
Deen eezegen Nodeel déi Xbox One eben huet sie kann keng 1080p produzéieren daat ass an mengen Aan och schon den eezegen Minus Punkt. Waat awer gudd gemaach ass Microsoft huet bei hierem Wireless Controller nees op Akkuen als sonner getrimmt well waat ech bei der PS4 beschen blöd fannen wann do den Akku vun dem Controller Futti ass, kann een sech een kompletten Controller nees kaafen, an bei Microsoft brauch een just den Akku ze ersetzen.
D’Xbox One 1TB Versioun kënnt mat engem Controller, engem HDMI Kabel, wéi ëmmer daat Monsterbombastëscht Stroumzoufursteck an engem Headset deen schon bei der Xbox 360 dobäi ass.
An säit se oofwärtzkombatibel ass gouf d’Xbox fir mech nach méi interessant well d’Xbox 360 wirklech vill gudd Spiller huet an haat.